News



  • 03.02.2019

    Pot de l‘Amitié



    E Freidegowend haate mer als LSAP Réiserbann op eisen traditionelle “Pot de l’Amitié” invitéiert, wou vill vun eise Memberen, Vertrieder vun eiser Partei, de Veräiner aus eiser Gemeng a vum Koalitiounspartner de Wee bei eis fonnt haaten.




  • 23.01.2019

    Tom Jungen Generalsekretär vun der LSAP



    Als LSAP Réiserbann si mer houfrëg fir déi zweete Kéier an eiser iwwer 50jähreger Geschicht, nom Raymond Becker, mat eisem Buergermeeschter Tom Jungen, de Generalsekretär vun der LSAP ze stellen! Mir wëssen, dass den Tom och an Zukunft prioritär eise Buergermeeschter wäert sin, mee dass hien och der LSAP zesumme mam Franz Fayot als President an der neier Equipe säi Stempel wäert opdrécken! Nom Ben Fayot, de Franz Fayot mat engem Réiser Generalsekretär






  • 20.12.2018

    Budgetsprojet 2019



    De Mëtteg huet de Réiser Gemengerot en ambitiéisen Budgetsprojet fir 2019 majoritär mat 9 Stëmmen genehmëgt. Mam selwëchte Resultat gouf de « budget rectifié 2018 » ugeholl. D’Oppositioun huet sech bei béiden Budgets’en duerch hier 2 uwiesend Conselljeeë Flammang (DP) a Michels (déi Gréng) no konstruktiven Diskussiounen enthaal.
    Trotz Investitiounen vun 14 Milliounen 2018 an engem geplangten Investitiounsvolume 2019 vun 16,9 Milliounen, gi mir vun engem weidere Joër aus, wou d’Gemengeschold kann reduzéiert gin. Mir schaffen virun fir d’Liewesqualitéit am Réiserbann ze verbesseren!


1 10 11 12 14 15 16 29