Tom Jungen, Kandidat fir d'Chamberwahlen vum 20. Oktober

2013-09-15

en Jungen Tom, Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser ass Kandidat fir d'Wahlen vun eisen Deputéierten den 20. Oktober. 
 
Seng Aktualitéit könnt dir op senger Facebook  Sait nokukken!
 
hei och eng kuerz Biographie


Tom Jungen, Kandidat fir d'Chamberwahlen vum 20. Oktober

Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser
Kandidat fir d'Chamberwahlen vum 20. Oktober 2013 op der Lëscht vun der LSAP am Bezierk Süden

Biographie

Ech sin den 14. Mee 1976 zu Lëtzebuerg gebuer, wou ech och déi 2 éischt Liewesjoëren verbruecht hun. Zanterhier wunnen ech am Réiserbann, wou ech fir d'éischt zu Krautem a mengem Elterenhaus opgewuess sin an och do an d'Primärschoul gaangen sin. No menger Primärschoulszäit sin ech op de Lampertsbierg an de Lycée technique des Arts et Métiers gaangen, wou ech d'Handwierk vum Elektriker erléiert hun. 1995 hun ech am Service Technique vun Soutirages Luxembourgeois ugefaangen mat schaffen, an parallel meng Meeschterprüfung gemaach, déi ech och 1998 erfollegräich bestaanen hun. 
1999 sin ech als Gewerkschaftssekretär bei den OGBL gewiesselt, wou ech mech am Ufank em d'Betrieber aus dem Sekteur Alimentatioun an Horeca gekëmmert hun, ier ech 2001 Sekretär fir den ëffentlechen Dëngscht gouf. 
1999 sin ech och eng éischte Kéier an de Gemengeroot vu Réiser gewielt gin, wou ech zu deem Zäitpunkt zu Béiweng gewunnt hun.
2001 sin ech nom onerwoarten Doud vum Fränz Klein, an der Démissioun vum Armand Joachim an de Schäfferoot nogerëckelt, en Amt waat ech bis de Februar 2008, wéi ech Buergermeeschter gin sin, och behaalen hun. Zanter 2004 wunnen ech lo zu Peppeng.
 
President vum Syndicat des Eaux du Sud an vun der interkommunaler Schwämm SPIC, Member vum Bureau vum Crématoire an dem SEBES zu Esch/Sauer