Budgetsprojet 20192018-12-20De Mëtteg huet de Réiser Gemengerot en ambitiéisen Budgetsprojet fir 2019 majoritär mat 9 Stëmmen genehmëgt. Mam selwëchte Resultat gouf de « budget rectifié 2018 » ugeholl. D’Oppositioun huet sech bei béiden Budgets’en duerch hier 2 uwiesend Conselljeeë Flammang (DP) a Michels (déi Gréng) no konstruktiven Diskussiounen enthaal. Trotz Investitiounen vun 14 Milliounen 2018 an engem geplangten Investitiounsvolume 2019 vun 16,9 Milliounen, gi mir vun engem weidere Joër aus, wou d’Gemengeschold kann reduzéiert gin. Mir schaffen virun fir d’Liewesqualitéit am Réiserbann ze verbesseren! |
Ekipp